Wat Dir ons schonn ëmmer froe wollt Spriechstonn mam Direkter vun der Nationalbibliothéik

Typ:
Workshop
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Amphithéâtre (3e étage)
Datum:
Den 06.05.2023 vun 10:30 bis 11:30
Mat:
Claude D. Conter
Sprooch(en):
Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch

2023 wëlle mir nach méi mat Iech interagéieren an Iech eis Visioun esou ewéi och d‘Projeten un deene mir schaffe méi no bréngen. Dofir proposéiere mir eng Spriechstonn mam Claude D. Conter, dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, wou Dir net just Froe stellen, mee och Är Iddie äussere kënnt.

D’Seance vum 6. Mee 2023 geet mat enger allgemenger Diskussiounsronn un, an der de Claude D. Conter déi Froen opgräift, déi oft vun de Lieser gestallt ginn. Jiddwereen kann ouni Umeldung dorunner deelhuelen.