A-z.lu entdecken a verdéiwen Äre Guide fir déi vereenegt Sichmaschinn

Typ:
Workshop
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Den 22.05.2023 um 17:00
Number of participants:
15
Sprooch(en):
Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch

Mat just e puer Klicks bréngt Iech a-z.lu bei Äert gewënschte Resultat - egal ob et sech ëm gedréckten oder digital Dokumenter handelt. Wéi mécht een eng Recherche a filtert een d'Resultater? Wéi weess een op e Buch an der Bibliothéik disponibel ass? Wéi bestellt een Dokumenter oder verlängert een e Prêt? Mir ginn Iech Äntwerten op all Är Froen.

Dëse Workshop eegent sech fir all Niveau, sief et wann Dir eréischt ufänkt oder schonn e Basiswëssen iwwer d'a-z.lu Sichmaschinn hutt. Eis Mataarbechter kënnen Iech op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch weiderhëllefen.

Fir datt de Workshop statt fanne kann, mussen sech mindestens siwe Persounen ugemellt hunn. Am Fall vun enger Annulatioun ginn d'Participante per E-Mail informéiert.