A-z.lu entdecken a verdéiwen Äre Guide fir déi vereenegt Sichmaschinn

Typ:
Workshop
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, Luxembourg
Datum:
Den 13.05.2023 um 14:00
Number of participants:
15
Sprooch(en):
Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch

An dësem Workshop gitt Dir gewuer, wéi Dir mat just e puer Mausklicken eng effektiv Sich ausféiere kënnt. Huelt zesumme mat eisem engagéierten Team u prakteschen Übungen deel, fir Är Sichfäegkeeten ze verfeineren, egal ob et sech dobäi ëm gedréckten oder Online-Dokumenter handelt. Mir sinn do, fir Iech ze hëllefen an all Är Froen ze beäntweren.

Dëse Workshop eegent sech fir all Experienzniveauen. Eis Mataarbechter ënnerstëtzen Iech op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

Fir datt de Workshop statt fanne kann, mussen sech mindestens siwe Persounen ugemellt hunn. Am Fall vun enger Annulatioun ginn d'Participante per E-Mail informéiert.