Geschicht(e) vu Gläichstellung: Déi Virurteeler, déi mir mat eis schleefen an iwwerwanne wëllen. Online Soirée

Dësen 8. Mäerz, um interationalen Dag vun de Fraërechter, hëllt d'Nationalbibliothéik (BnL) an de Ministère fir Gläichstellung (MEGA) Iech mat op eng Zäitrees an d’Siechzeger Joeren, zeréck bei d’Fraëbeweegung an hir Auswierkungen op eis Gesellschaft.

Wéi huet sech zanterhier eise Bléck op d’Fraë verännert? Sinn et ëmmer nach just d’Männer, déi no de Stäeren gräifen, an d’Fraen déi Steng an de Wee geluegt kréien?

Interessant bleiwt de Bléck op d‘Geschlechter-Stereotyppen, déi mir zanter Joerzéngte mat eis schleefen an déi bis haut Denken, Soen a Maache beaflossen. Dobäi ass dat fräit Ausliewe vum individuelle Potenzial eng Tugend, déi der ganzer Gesellschaft, Fraë wéi Männer, zegutt kënnt.

Kommt a begleed eis op dësem virtuellen Owend an der Nationalbibliothéik, wou nei Stëmmen déi al Viruerteeler op de Leescht huelen.

Mat Interventioune vun der Historikerin Prof. Dr. Sonja Kmec souwéi de jonke Schrëftstellerinen a Schrëftsteller Sandra Wolter, Elise Schmit a Francis Kirps, déi vum MEGA eng "Carte blanche" kritt hunn, sech literaresch mam Thema auserneenzesetzen.
D’Viirträg sinn op lëtzebuergesch an däitsch a gi simultan op Franséisch iwwersat.

Rendez-vous op der Plattform Boothted fir den interaktive Live-Stream mat vill Zousaz-Infoen.

Live-Stream och iwwert de Facebook a Youtube-Channel vun der BnL a vum MEGA, just an der Originalsprooch.

 

(FR) Ce 8 mars, pour la Journée internationale des droits des femmes, la Bibliothèque nationale du Luxembourg (BnL) et le ministère de l’Egalité (MEGA) vous propose d’embarquer pour un voyage dans le temps à l’époque où les premiers mouvements féministes ont fait valoir une véritable égalité entre les femmes et les hommes.

Comment la société a-t-elle évolué depuis les années 60 au Luxembourg ?
Les honneurs reviennent-ils encore uniquement aux hommes, longtemps qualifié de sexe fort, et qu’en est-il des obstacles auxquels de heurtent encore les femmes?

Lors d’une soirée-conférence la réflexion portera sur les effets des stéréotypes sexués qui continuent d’imprégner les pensées et actions. Or, que les femmes et les hommes puissent pleinement exprimer leurs envies et talents est justement bénéfique pour l’ensemble de la société.

Rejoignez la soirée d’échanges diffusée en ligne, et présentée en direct à la Bibliothèque nationale, pour donner de la voix et surmonter les clichés du passé.

La soirée rassemblera l’historienne et professeure Sonja Kmec ainsi que les jeunes écrivains Sandra Wolter, Elise Schmit et Francis Kirps, qui ont reçu une «carte blanche» du MEGA aborderont le sujet de manière littéraire.

Les discours sont en luxembourgeois et en allemand avec une traduction simultanée en français.

Rendez-vous sur la plateforme Boothted pour le live-stream interactif et des infos sur les projets du ministère.

Diffusion en direct aussi sur nos canaux Facebook et Youtube et ceux du MEGA, en version originale.

Lieu :
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D, avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Dates :
Le 08.03.2021 à 18:30