3.Literaturlabo vum Radio 100,7 an der Nationalbibliothéik Literatur 2.0: Netzliteratur oder Hyperfiktioun?

De Status “Auteur” huet sech duerch d’Méiglechkeet, Literatur einfach ouni Lektorat oder soss iergendeng Kontroll kënnen online ze publizéieren, grondleeënd verännert. Jidderee ka publizéieren an am Géigenzuch huet sech domat och de Rescht vum Literaturbetrib verännert: jidderee ka kritiséieren, jidderee kann editéieren ... mee gëtt och alles archivéiert? Wat kënnt mat der Digitaliséierung vu Literatur op déi klassesch Bicherketten duer? Auteur, Lecteur, Editeur, Drécker, Librairen, Lieser,
Bibliothéik an Archiv – wéi verännert dat Digitaalt déi verschidde Beruffer, déi enk mat der Literatur verbonne sinn? An d’Literatur selwer? Gëtt et en Afloss vum Digitalen op de literareschen Inhalt? A gëtt et eng digital Literatur avant la Lettre?
An der 3. Editioun vum LiteraturLabo de 27.6. um 18:30 diskutéieren d’Valerija Berdi, Literaturkritikerin a Mataarbechterin vum radio 100,7, d’Nathalie Bender, Journalistin beim 100,7 an de Jérôme Jaminet, Literaturkritiker an Däitschprofesser mat hirem Invité, dem Direkter vum Literaturarchiv zu Miersch, Claude D. Conter, iwwert d’Digitaliséierung vun der Literatur an d’Konsequenzen dovun.

Sidd live mat derbäi a reservéiert är Plazen op: info@bnl.etat.lu.  Diffusioun um radio 100,7: sonndes, 10. Juli um 10:05 an 18:30.

#LitLab

Lieu :
- Bibliothèque nationale de Luxembourg, Salle des Arts
Dates :
Le 27.06.2016 de 18:30 jusqu'à 20:00