Pressecommuniqué
Dësen August invitéiert d’Nationalbibliothéik Studenten a Lycéesschüler op d’BnL Summer School 2026: eng Geleeënheet, d’Beruffer an de Beräicher vum Bibliothéikswiesen, vun der Archivéierung a vun der Dokumentatioun kennenzeléieren.
Iwwer sechs Deeg verfollegen d’Participanten de Wee vum Buch an der Bibliothéik. A praktesche Workshoppen an am Austausch mat Experte léiere si, wéi eng Fäegkeeten a Kompetenzen noutwenneg sinn, fir Dokumenter ze erwerben, ze erhalen a fir d’Lieser zougänglech ze maachen.
D’Nationalbibliothéik ass den Haaptacteur vum Bibliothéikswiesen zu Lëtzebuerg. Si engagéiert sech fir d’Promotioun vun den informatiounswëssenschaftleche Beruffer duerch Aktivitéiten, Stagen, Beruffsausbildungen, Weider- an Éischtausbildungen.
Et kann ee sech bis den 3. Mai 2026 umellen.
Aktualiséiert den