Zwou historesch Zäitschrëften iwwer d’Lëtzebuerger Landwirtschaft vun der BnL online gesat

Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu

Lëtzebuergesche Fong

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) erweidert hir digital Offer ëm zwou historesch Publikatiounen: d’Annalen des Acker- & Gartenbau-Vereins (1854–1986) an Der Luxemburger Ackerer (1856–1860).

Dës zwou Zäitschrëfte sinn eng wäertvoll Quell, fir d’Geschicht vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert ze entdecken an d’Entwécklung vum Gaardebau, Wäibau an der Véizuucht ze verstoen.

D’Annalen des Acker- & Gartenbau-Vereins entstinn an enger Zäit, an där sech de Landwirtschaftssecteur weiderentwéckelt a moderniséiert. Déi éischt Ausgab erschéngt am Juni 1854. D’Zäitschrëft, déi am Ufank all Mount, duerno all Woch erschéngen ass, publizéiert verständlech Fachartikelen, déi virun allem de Baueren d’Wëssen an d’Technike vun hirer Zäit vermëttele sollen. Iwwer d’Jore sinn eng Rei Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Wëssenschafts- a Landwirtschaftswelt fir d’Redaktioun zoustänneg. 1986 gëtt d’Publikatioun agestallt.

Der Luxemburger Ackerer ass eng Wochenzeitung, déi tëscht 1856 an 1860 vum Agronom Nicolas Bornong erausgi gëtt. Si behandelt verschidden Theme ronderëm d’Landwirtschaft, de Gaardebau, den Uebstbau an de Wäibau.

Duerch d’Digitaliséierung ginn historesch Temoignagen iwwer d’Verännerungen an der Lëtzebuerger Landwirtschaft an dat Wëssen, dat hir Entwécklung gepräägt huet, dem breede Public zougänglech gemaach.

Zougang mat eluxemburgensia.lu (Annalen des Acker- & Gartenbau-Vereins) Zougang mat eluxemburgensia.lu (Der Luxemburger Ackerer)

Aktualiséiert den