Pressecommuniqué
Dëse Site benotzt essentiel Cookien, déi fir säi gudde Fonctionnement noutwendeg sinn a keng perséinlech Donnéeë gebrauchen; dës Cookië kënnen net refuséiert ginn. Net-essentiel Cookië gi fir statistesch Zwecker benotzt a gi just aktivéiert, wann Dir se akzeptéiert. Consultéiert eis Dateschutzbestëmmungen.
Dokumenter, déi an der Nationalbibliothéik ausgeléint goufen, kënnen d’Lieser elo och iwwer de Bicherbus zeréckginn – an dat an allen Uertschaften, wou de Bicherbus hifiert.
De Bicherbus, eng Bibliothéik op Rieder, fiert a 15 Wochentier queesch duerch d’Land. De Bestand vum Bicherbus ëmfaasst iwwer 70.000 Dokumenter, dorënner Bicher, Lauschterbicher an DVDe fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener. D’Dokumenter déngen der Weiderbildung, der Fräizäitlecture an der kultureller Beräicherung.
Dës nei Méiglechkeet fir Dokumenter zeréckzeginn, soll de Benotzer vun der BnL méi Flexibilitéit bei der Gestioun vun hire Prête bidden.
Aktualiséiert den