Erfollegräich 3. Journée du réseau bibnet.lu an der BnL

Méi wéi honnert Fachleit a Bibliothecairen hu sech an der National­bibliothéik fir déi 3. Journée du réseau bibnet.lu zesummefonnt – e wichtege Moment fir den Austausch an d’Reflexioun iwwer bewäert Praktiken am Bibliothéiks­milieu.

No den Erëffnungsriede vum Kulturminister Eric Thill, dem Direkter vun der BnL, Claude D. Conter, an der Coordinatrice vum bibnet.lu-Reseau, Martine Mathay, huet Sveinbjörg Sveinsdóttir, Directrice vum Konsortium vun den islännesche Bibliothéiken, hiert Netzwierk virgestallt an déi sëlleg Ähnlechkeeten zum bibnet.lu ënnerstrach.

Sveinbjörg Sveinsdóttir, Directrice vum Konsortium vun den islännesche Bibliothéiken
© Brainplug

„Bibliothéike si richteg Palaise fir d’Bierger, si sinn op fir jiddereen, an hir Architektur a Missiounen evoluéieren am Aklang mat den Erwaardunge vun de Lieser. An enger Welt, déi sech stänneg verännert, beméie sech d’Bibliothéiken aus dem Reseau, intuitiv, inklusiv an ëmmer am Déngscht vun hire Lieser ze agéieren.“
– Sveinbjörg Sveinsdóttir

(v.l.n.r.) Eric Thill, Carlo Blum, Martine Mathay
© Brainplug

„Haut doen sech déi 93 Bibliothéiken aus dem bibnet.lu-Netzwierk zesummen, fir eng dynamesch Bibliothéiks­landschaft ze gestalten, déi der Gesellschaft an der Demokratie déngt. Bibliothéike si vill méi wéi nëmme Plaze vum Wëssen – si si Raim fir den Austausch, d’Innovatioun an de gesellschaftlechen Zesummenhalt.

D’Nationalbibliothéik spillt eng Schlësselroll bei der Koordinatioun vun dësem Netzwierk a promovéiert seng Entwécklung a Vitalitéit. De Kultur­ministère ass houfreg, dës wichteg Initiativ ze ënnerstëtzen, déi den Zougang zum Wëssen an d‘sozial Kohäsioun am ganze Land fërdert.“

– Eric Thill

Verschidde thematesch Workshops goufen ugebueden, déi sech mat dem Catalogage an der Optimiséierung vun Aarbechtsprozesser beschäftegt hunn.
© Brainplug

D’Participanten hunn duerno un thematesche Workshops deelgeholl, déi sech mat dem Catalogage an der Optimiséierung vun Aarbechts­prozesser beschäftegt hunn. Am Nomëtteg goufe Praxis­beispiller aus verschiddene Bibliothéike virgestallt an zukünfteg Erausfuerderunge fir de Reseau thematiséiert, absënns am Beräich vun der Automatiséierung vum Catalogage.

Dës 3. Journée du réseau huet den Engagement vun de Reseaus­bibliothéiken a Bezuch op Innovatioun, Zesummen­aarbecht an Ënnerstëtzung am digitale Beräich ënnermauert

Aktualiséiert den