Virliesungsnotize vu Lëtzebuerger Studenten aus dem 17. an 18. Joerhonnert sinn elo online verfügbar Kommt mir léieren zesummen!

Manuskriptesammlung

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg huet viru kuerzem aacht wäertvoll Manuskripter mat Virliesungsnotizen vu Philosophiestudenten vun der fréierer Uni Louvain (Leuven) online gesat.

Dës Initiativ, lancéiert vun der KULeuven, Faculty of Economics and Business, am Hibléck op hire 600. Anniversaire 2025, gëtt en Abléck an d’Begeeschterung, mat där d’Lëtzebuerger Studenten hir Virträg kommentéiert an heiansdo hir Notte mat Diagrammen an Illustratioune verschéinert hunn.

Dictata magis principalia
© BnL, Ms 682, f. 348r

Dank der gudder Zesummenaarbecht tëscht der KULeuven an enger multidisziplinärer Ekipp vun der BnL sinn dës Manuskripter, déi d’Denke vu vergaangene Generatioune gepräägt hunn, elo fir jiddereen zougänglech.

All d’digitaliséiert Manuskripter op eluxemburgensia.lu kucken

Aktualiséiert