Fënnef weider Bibliothéiken trieden der Médiathèque numérique du Luxembourg bäi

D’Médiathèque du Centre national de l’audiovisuel, d’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerg City Bibliothèque hu bekannt ginn, datt sech fënnef nei Lëtzebuerger Bibliothéiken MéNuL, der Médiathèque numérique du Luxembourg, ugeschloss hunn, nämlech:

  • Escher Bibliothéik 
  • Mierscher Lieshaus
  • Ettelbrécker Bibliothéik
  • Bibliothèque municipale de Differdange
  • Bibliothèque publique régionale de Dudelange

MéNuLu (fir „Médiathèque numérique du Luxembourg“) gouf am Abrëll 2022 vun der Lëtzebuerg City Bibliothèque, der Nationalbibliothéik an der Médiathèque du Centre national de l‘audiovisuel an d’Liewe geruff an ass e Video-on-Demand- (VOD) a Musek-Streaming-Service mat iwwer 20.000 audiovisuellen Dokumenter a 7 Millioune Musekstitelen vun dräi Streaming-Plattformen: Kanopy, filmfriend a Divercities.

Duerch eng einfach Aschreiwung bei enger vun den 8 Partnerbibliothéiken kënnen Notzer gratis op de VOD-Service zougräifen, dee Programmer vun alle Genren ubitt: Documentairen, Serien, Filmer, Kannerfilmer a Musek. De Service ass méisproocheg a bitt Dokumenter op Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch a villen anere Sproochen un. De Contenu vun de Plattformen gëtt reegelméisseg erweidert.

Aktualiséiert den