De Cedom kritt e wichtegt Museksarchiv fir de Fong vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg

Musekssammlung vum Cedom

De Centre d’études et de documentation musciales (Cedom) vun der Nationalbibliothéik gëtt en neien Dépôt vum ëffentlechen Etablissement Salle de Concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte bekannt, mat deem d’Sammlung vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL), déi schonn 2013 agereecht gouf, erweidert gëtt. Dëst ass e wichtege Schratt fir d’Konservéierung an d’Fuerderung vum räiche musikalesche Patrimoine vu Lëtzebuerg.

Den Dépôt enthält haaptsächlech Musekspartituren aus der Museksbibliothéik vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg.

D’Museksarchiv huet e wichtege patrimoniale Wäert fir Lëtzebuerg a reflektéiert net nëmmen déi remarkabel Leeschtunge vum OPL iwwert Joerzéngten, mee och d’Entwécklung vun der Politik an der Kultur- a Musekszeen zu Lëtzebuerg. Den Dépôt vum Museksarchiv enthält e.a. Partiture vu Lëtzebuerger Komponisten (Ivan Boumans, Dafydd Bullock, Walter Civitareale, Rudi de Bouw, Victor Fenigstein, David Ianni, Claude Lenners, Jeannot Sanavia, Marcel Wengler), Kompositiounsopträg vun der Philharmonie Luxembourg, handschrëftlech Partituren an Ausgabe mat Stempele vun eemolegen OPL-Dirigenten (wéi den Henri Pensis oder de Roger Ellis) oder lëtzebuergesch Museksverläg. D’Sammlung enthält Dokumenter, déi d’Geschicht vum OPL retracéieren: vun der Grënnung vun der Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion (C.L.R.) am Joer 1933 bis hin zu de musikaleschen Einlagen a Jingele vum Orchestre RTL an de Partituren, déi wärend dem Zweete Weltkrich vum Nazi-Regime zougelooss goufen.

Beispill vun engem Dokument aus dem Dépôt.

D’Nationalbibliothéik seet dem Här Stephan Gehmacher, General Director vum ëffentlechen Etablissement Salle de Concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, Merci fir den Dépôt vun de Musekspartituren aus der Bibliothéik vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg a fir säi Vertrauen an de Cedom. Dës Zesummenaarbecht wäert de Status vu Lëtzebuerg als wichtegt Kulturzentrum stäerken an dat unhalend Engagement fir d’Konservéierung an d’Fuerderung vun der Musek an dem kënschtleresche Patrimoine vum Land beleeën.

Aktualiséiert