D’Lëtzebuerger Webarchiv brauch Är Hëllef! Opruff fir Matzemaachen

Am Zesummenhang mat de Chamber- a Gemengewalen, déi dëst Joer statt fannen, sammelt d’Nationalbibliothéik fir hir Lëtzebuerger Webarchiv all Websäiten, Blogs a satiresch Säiten, déi mat de Walen, de politesche Parteien an hire lokale Sektiounen, de Walprogrammen oder politeschen Debaten ze dinn hunn.

Fir dëse Projet duerchzeféieren, luet d’BnL all Interesséiert, Parteien, Kandidaten an Experten an, relevant Websäiten anzereechen an esou zur Konservéierung vum kulturellen, sozialen a politesche Patrimoine zum Land bäizedroen.

URL-Suggestioune kënne per E-Mail un webharvesting@bnl.etat.lu oder direkt iwwer de Site webarchiven.lu agereecht ginn

Aktualiséiert