Nei digitaliséiert a born-digital Dokumenter op eluxemburgensia.lu

D'BnL huet eng Auswiel u Publikatioune vum STATEC (Institut national de la statistique et des études économiques du Grand-Duché de Luxembourg) tëscht 1902 bis 2005 um Portal eluxemburgensia.lu verëffentlecht.

Insgesamt sinn 49.052 Säiten / 596 STATEC-Dokumenter elo gratis online zougänglech.

D'BnL huet vir, bis 2030 all d'Monografien a Periodiquen aus dem lëtzebuergesche Fong ze digitaliséieren. Den Ament si 505 digitaliséiert Wierker online iwwer eluxemburgensia.lu an a-z.lu zougänglech. Bis Enn 2023 wäerten insgesamt 7.015 Publikatiounen derbäi kommen a bis Enn 2024 wäerten 13.264 Bicher dës dokumentaresch Offer vervollstännegen.

Bis Enn 2024 wäerte 406.318 Säiten aus lëtzebuergesche Periodiquen online disponibel sinn.

Aktualiséiert