De Liessall wäert Méindegmëttes op sinn Ab Januar 2023

Vum 2. Januar 2023 un wäert de Liessall och méindes vu 14.00 bis 20.00 Auer op sinn. Dës Verlängerung vun den Ëffnungszäiten ass ee vun de ville Projete vum Aarbechtsprogramm 2022-2024 vun der Nationalbibliothéik.

D'BnL ass eng Plaz fir Fuerschung an Etuden, déi vu verschiddenen Zilgruppe besicht gëtt, besonnesch vu Studenten, Fuerscher, Buch- a Kulturbegeeschterten. D'Zuel vun de Visiteuren an der BnL ass trotz der Pandemie weider geklommen:

  2021 2022
Visiteuren insgesamt 85 917 173 795
Visiteuren pro Tag 330 697
dovunner no 18.00 21 50

Andeems de Liessall méindes op wäert hunn, kann de Public d'Raimlechkeete vun der BnL op all Schaffdag notzen. De Guichet vum Accueil, dem Prêt an den Informatiounsguichet wäerten zou bleiwen, ma folgend Servicë wäerte méindes vu 14.00 bis 20.00 disponibel sinn: automatesche Retour a Prêt vun Dokumenter aus dem Liessall, Zougang zu Dokumenter aus dem Liessall, d'Reservatioun vu Carrelen, Audiokabinnen an dem Museksraum, den Zougang zu Kopiesmaschinnen, dem Vestiaire an den Toiletten. D'Hëllef zur Recherche wäert iwwert E-Mail (reference@bnl.etat.lu) assuréiert ginn.

Ëffnungszäiten vum 2. Januar 2023 un

Liessall a Mediathéik

  • Méindeg: vun 14.00 bis 20.00
  • Dënschdeg - Freideg: vun 10.00 bis 20.00
  • Samschdeg: vun 10.00 bis 18.00

Rezeptioun, Prêt- an Informatiounsguicheten

  • Dënschdeg - Freideg: vun 10.00 bis 19.00
  • Samschdeg: vun 10.00 bis 18.00

Aktualiséiert