Entdeckt eise Joresbericht 2024 E Réckbléck op d’Joer 2024

D’National­bibliothéik feet sech, hire Jores­bericht 2024 virzestellen. Mir lueden Iech dozou an, eis Projeten, Aktiounen a besonnesch Acquisitioune vum vergaangene Joer ze entdecken. Eng englesch Versioun vum Bericht wäert geschwënn disponibel sinn.

D’Joer 2024 huet sech op verschidde Manéiere markéiert, virun allem duerch e Fokus op eis Missioune ronderëm de kulturelle Patrimoine. Besonnesch ervir­zesträichen ass d’Acquisitioun vun der Riseibel vu Saint Maximin aus dem 11. Joerhonnert. Gläichzäiteg huet d’National­bibliothéik hir digital Strategie weider­gefouert an d’Prozedur fir den Depot légal fir d’Gemenge vereinfacht.

Mir soen alle Mataarbechter Merci fir hirt Engagement a lueden Iech an, weider Detailer iwwert eis Projete vum Joer 2024 an eisem Joresbericht ze entdecken.

De Bericht eroflueden

Aktualiséiert den