Noriichten
D’Nationalbibliothéik huet viru kuerzem hire Portal eluxemburgensia.lu moderniséiert. Dëse Site erlaabt et, an alle Lëtzebuerger Publikatiounen, déi am Kader vum Massendigitaliséierungsprogramm vun der BnL digitaliséiert goufen, ze recherchéieren, grad wéi och a born-digital-Publikatiounen, déi iwwer den Dépôt légal erakommen. An Zukunft si weider digital an digitaliséiert Contenue geplangt.
Mat dëser Moderniséierung vum Portal wëll d’BnL besser op déi wiesselend Besoine vun hire Benotzer agoen. Dofir goufen d’Sichfunktiounen iwwerschafft an d’Benotzerfrëndlechkeet vum Site verbessert. Och kleng Problemer bei der Recherche goufe behuewen.
Neies gëtt et och op de Säite vun de Sammlunge vu Bicher, Manuskripter an Affichen: Si bidden elo eng zousätzlech Sichoptioun, mat där ee gezielt an de Metadate recherchéiere kann.
Aktualiséiert den