Noriichten
Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der Nationalbibliothéik. Entdeckt am Januar a Februar eis Selektioun zum Weltdag vun der Poesie!
Den 21. Mäerz gëtt weltwäit den Dag vun der Poesie gefeiert. Dëse gouf am Joer 2000 vun der UNESCO an d’Liewe geruff, fir déi sproochlech Diversitéit als kulturellt Ierwen ze ënnersträichen, d’Bedeitung vun der mëndlecher Traditioun ervirzehiewen an den interkulturellen Austausch ze fërderen.
Poesie ass net just eng literaresch Konschtform, déi sech duerch Verdichtung, bildlecht Ausdrocksmëttel a Klangfaarf auszeechent – si ass och e Spigel vun der Gesellschaft. Dichter si schaarfsënneg Beobachter vun hirer Zäit: Si stelle Froen, warnen a gi Gedanken eng staark Stëmm. Si ënnersträichen d’Schéinheet vun der Welt, wärend si gläichzäiteg op Mëssstänn an Erausfuerderungen an der Gesellschaft opmierksam maachen.
Entdeckt d’Villfältegkeet vun der moderner Poesie – mat enger suergfälteg zesummegestallter Auswiel u Wierker, Anthologien a Revuen op Däitsch, Franséisch, Englesch an Italieenesch, souwéi begleedend Fuerschungsliteratur.
Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!
Aktualiséiert den