Noriichten
Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der Nationalbibliothéik. Entdeckt am Januar a Februar eis Selektioun zum Thema Earth Overshoot Day!
Am Februar ass den „Earth Overshoot Day“ fir Lëtzebuerg schonn erreecht – deen Dag, un deem eisen héichgerechente Verbrauch vun nohalteger Ressourcen d’Kapazitéit vun der Äerd depasséiert, dës am selwechte Joer nei ze produzéieren. Fir op dëse wichtegen Datum opmierksam ze maachen, hu Fachreferenten aus der BnL eng Auswiel u Bicher an Dokumenter aus den Ëmweltwëssenschaften, de Sozialwëssenschaften, der Ëmweltpsychologie an der Ëmweltbildung zesummegestallt. Dës Publikatioune lueden dozou an, iwwer déi villfälteg Aspekter vun dësem wichtegen Thema nozedenken.
Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!
Aktualiséiert den