De neie Bicherbus-Kalenner ass elo disponibel

Mäerz bis Juli 2026

Bicherbus

D’Nationalbibliothéik huet den neie Bicherbus-Kalenner fir d’Méint vu Mäerz bis Juli 2026 publizéiert. Dëse Fuerplang enthält all d’Datumer an Arrêten an gëtt all Semester aktualiséiert fir sech de Besoine vun de Notzer aus de jeeweilege Gemengen unzepassen.

D’Notzer kënnen de Kalenner elo online consultéieren oder en gedréckten Exemplar entweder beim nächste Passage vum Bicherbus oder am Accueil vun der Nationalbibliothéik mathuelen.

De Bicherbus, eng Bibliothéik op Rieder, fiert a 15 Wochentier queesch duerch d’Land. Fir d’Bicher an d’Liesen ze promovéieren, zerwéiert hien iwwer 80 lëtzebuergesch Uertschaften. D’Dokumenter vum Bicherbus kënnen iwwer a-z.lu virbestallt an dann um gewielten Arrêt ofgeholl ginn.

Online consultéieren

Aktualiséiert den