Casieren, Toiletten a Café de 25. Abrëll 2024 tëscht 14 a 15 Auer net accessibel Maintenanceaarbechten

En Donneschdeg, de 25. Abrëll 2024, ginn an der Nationalbibliothéik Maintenanceaarbechten duerchgefouert, déi tëscht 14 a 15 Auer e groussen Impakt op d’Visiteuren hunn.

Aus Sécherheetsgrënn si verschidde Beräicher vum Gebai wärend dëser Zäit net fir de Public accessibel. Dobäi handelt et sech besonnesch ëm:

  • en Deel vun de Casieren am Foyer;
  • en Deel vum BnL’s Café;
  • d’Toiletten am Foyer;
  • d’Trap am Foyer;
  • den Ausstellungsraum;
  • de Konferenzberäich.

Beuecht wgl., datt Visiteuren net op hir perséinlech Géigestänn zréckgräife kënnen, déi virum Start vun den Aarbechten an de Casiere ofgeluecht goufen. Och den Zougang zum Liessall ka wéinst der Unzuel u disponiblë Casieren ageschränkt sinn.

Mir entschëllegen eis fir dës Ëmstänn.

Aktualiséiert