Kuckt eis Dokumenter zum Thema Humor! Nei Selektioun am Espace découverte

Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der Nationalbibliothéik. Entdeckt dëse Mount eis Selektioun zum Thema Humor!

Dëst Thema bitt eng grouss Villfalt un Analysen an Ausdrocksfromen. Fir dës Pluralitéit ze illustréieren, hu mir eng Rei vu Wierker ausgesicht, déi haaptsächlech aus de Fachberäicher Psychologie a Pädagogik stamen, mee déi awer och Titel aus de Beräicher Literatur, Sozialwëssenschaften, Konscht, Fotographie a Bandes dessinées ëmfaassen.

Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!

Aktualiséiert