De neie Bicherbus-Kalenner ass elo disponibel September 2024 bis Februar 2025

Bicherbus

D’Nationalbibliothéik huet den neie Bicherbus-Kalenner fir d’Méint vu September 2024 bis Februar 2025 publizéiert. De Kalenner gëtt all Semester aktualiséiert a passt sech de Besoine vun de Lieser aus de jeeweilege Gemengen un.

Nieft verschidde klengen Upassungen um Fuerplang vun den Touren 9 a 14 besteet déi gréissten Ännerung doranner, datt de Bicherbus net méi op Ell fuere wäert.

D’Lieser kënnen de Kalenner elo online ukucken oder en gedréckten Exemplar entweder beim nächste Passage vum Bicherbus oder am Accueil vun der Nationalbibliothéik mathuelen.

De Bicherbus, eng Bibliothéik op Rieder, fiert a 15 Wochentier queesch duerch d’Land. Fir d’Bicher an d’Liesen ze promovéieren, zerwéiert hien iwwer 80 lëtzebuergesch Uertschaften. D’Dokumenter vum Bicherbus kënnen iwwer a-z.lu virbestallt an dann um gewielten Arrêt ofgeholl ginn.

Aktualiséiert den