Hiweis un d'Lieser
D’Nationalbibliothéik huet den neie Bicherbus-Kalenner fir d’Méint vu Mäerz bis Juli 2025 publizéiert. Dëse Fuerplang enthält all d’Datumer an Arrêten an gëtt all Semester aktualiséiert fir sech de Besoine vun de Notzer aus de jeeweilege Gemengen unzepassen.
E puer kleng Zäitännerunge goufe gemaach, dat bei den Touren 1, 8 an 11. Ausserdeem gouf um Tour 11 den Arrêt zu Useldeng duerch een zu Schandel ersat. Um Tour 12 gëtt Luerenzweiler net méi ugefuer, de Bicherbus bleift dofir elo zu Hielem stoen.
D’Notzer kënnen de Kalenner elo online ukucken oder en gedréckten Exemplar entweder beim nächste Passage vum Bicherbus oder am Accueil vun der Nationalbibliothéik mathuelen.
De Bicherbus, eng Bibliothéik op Rieder, fiert a 15 Wochentier queesch duerch d’Land. Fir d’Bicher an d’Liesen ze promovéieren, zerwéiert hien iwwer 80 lëtzebuergesch Uertschaften. D’Dokumenter vum Bicherbus kënnen iwwer a-z.lu virbestallt an dann um gewielten Arrêt ofgeholl ginn.
Aktualiséiert den