Nei Videoe fir a-z.lu besser ze notzen

Mir hunn elo grad eis Videoserie ëm fënnef weider Tutorialen erweidert, déi ab elo online gekuckt kënne ginn. D’Videoserie gëtt Iech eng verständlech Aféierung an d’Sichmaschinn, déi Iech d’Recherche am Katalog vun der Nationalbibliothéik a vun anere Bibliothéiken am bibnet.lu-Reseau vereinfacht.

Déi nei Tutoriale beäntwere follgend Froen:

  1. Wéi späicheren ech meng Favoritten a Recherchen?
  2. Wéi kann ech meng aktiv Prêten an Demanden ukucken?
  3. Wéi maachen ech eng Recherche avancée?
  4. Wéi gräifen ech op digital Ressourcen zou?
  5. Wéi gräifen ech op d’Streamingdéngschter vu MéNuLu zou?

Wéi déi éischt Guidë sinn och dës Videoen op Franséisch, Däitsch an Englesch disponibel.

Vergiesst net och eis Online-Hëllef ze consultéieren, u Workshoppen deelzehuelen oder Iech direkt un e Mataarbechter ze adresséieren, wann Dir Hëllef bei Ärer Recherche braucht.

D’Videoen op YouTube kucken

Aktualiséiert den