Déi nei Editioun vun der BnL Summer School gouf ugekënnegt Editioun 2023

Dësen August organiséiert d'Nationalbibliothéik eng nei Editioun vun hirer BnL Summer School, déi et Schüler a Studenten erméiglecht, d'Komplexitéit an d'Villsäitegkeet vun de Beruffer an de Beräicher vum Bibliothéikswiesen, dem Archivage an der Dokumentatioun kennenzeléieren an d'Erausfuerderungen, deenen sech Bibliothéiken hautdesdaags stellen, ze entdecken.

D'Nationalbibliothéik ass en Haaptacteur vum bibliothéikareschen Ökosystem zu Lëtzebuerg. Am Kader vun hirer Visioun 2030 - D'BnL um Wee vun der Transformatioun engagéiert si sech fir d'Promotioun vun den informationswëssenschaftleche Beruffer duerch Aktivitéiten, Stagen, Beruffsausbildung, Weider- an Éischtausbildung.

D'Umeldunge gi bis den 2. Mee 2023. Umeldungen, déi no dësem Datum erakommen, kënnen net consideréiert ginn.

Méi gewuer ginn

Aktualiséiert