Gratis Testzougrëff op zwou nei Datebanken ProQuest Historical Newspapers™ a Science

D’Nationalbibliothéik freet sech, hire Lieser een temporairen Testzougrëff op zwou nei Datebanken ubidden ze kënnen: ProQuest Historical Newspapers™ an déi komplett Sammlung vu Science. Mir versichen andauernd eis digital Offer ze verbesseren. Dofir hu mir dës Testphase gestart, fir d’Besoine vun eisen Notzer ze ermëttelen a fir ze kucken, ob dës Datebanken déi Ufuerderungen erfëllen.

ProQuest Historical Newspapers™

ProQuest Historical Newspapers™ ass en digitaalt Zeitungsarchiv, dat et Iech erméiglecht, digital duerch d’Joerhonnerten ze reesen an Zeie vun der Geschicht ze ginn. All Ausgab vun all Titel enthält déi komplett Zeitung, vun der éischter bis déi läscht Säit, mat ganzsäitege Biller an Artikelen, déi einfach am PDF-Format erofgeluede kënne ginn. Dir kënnt bis den 30. September 2023 op dës Datebank zougräifen.

Déi komplett Sammlung vu Science

Entdeck mat Science véier aktuell Ressourcë fir innovativ Fuerschung an de Beräicher zellulär Signaliwwerdroung, translational Medezin, Immunologie a Robotik. Dir kënnt bis den 30. November 2023 op dës Datebank zougräifen.

Zougrëff via a-z.lu

▪ D’Informatiounen an dësem Artikel sinn zum Zäitpunkt vu senger Publikatioun korrekt. Beuecht wannechgelift, datt sech eis digital Offer stänneg weiderentwéckelt. Dowéinst kënne verschidden Informatiounen, wéi z. B. d’Modalitéite fir den Zougrëff oder den Inhalt vun Datebanken, säitdeem geännert hunn oder net méi aktuell sinn.

Aktualiséiert