D‘Ausstellung iwwert de Johny Fritz gëtt verlängert Bis den 22. Abrëll 2023

D‘Nationalbibliothéik weist den Ament eng Ausstellung iwwert de lëtzebuergesche Komponist, Sammler a Museker Johny Fritz. D‘Ausstellung huet schonns vill positiv Reaktioune kritt a gëtt vun de Visiteuren héich geschätzt. Wéinst dësem groussen Succès gëtt d‘Ausstellung elo bis den 22. Abrëll 2023 verlängert.

Dem Fritz säin Interessi um franséische Komponist Erik Satie (1866-1925) mécht de Groussdeel vu senger Sammlung aus a weist sech mat enger eenzegaarteger Etude vum Satie a sengem sozialen Ëmfeld. Dorausser ass eng grouss Sammlung entstanen, déi dem Satie seng perséinlech Bréiwer un Frënn an de Mëttelpunkt stellt an déi elo dem Public präsentéiert ginn.

Den Entrée ass gratis.

Aktualiséiert