Login an Online-Servicer kuerzzäiteg net disponibel E Méindeg, den 11. September 2023 vu 7:00 bis 9:00 Auer

Wéinst enger Aktualiséierung vun eise Systemer ass d’Identifikatioun mat Ärem Benotzernumm a Passwuert op a-z.lu an op booker.bnl.lu e Méindeg, den 11. September 2023 vu 7:00 bis 9:00 Auer temporär net méiglech.

Wärend dëser Zäit kënnt Dir Iech net an Äre Lieserkont aloggen, Dokumenter reservéieren, Är Prête verlängeren oder op digital Ressourcen zougräifen. Och d’Reservatioun vun engem Carrel ass net méiglech.

D’Sichfunktioun op a-z.lu (ouni Login) bleift zu all Moment bestoen.

Mir entschëllegen eis fir dës Ëmstänn.

Aktualiséiert