Kënschtlech Intelligenz, e wichtege Partner fir d’Verbesserung vun eise Servicer Digital Innovatioun an der Nationalbibliothéik

Wëll d’Nationalbibliothéik sech ëmmer dorëms beméit hire Notzer besser Servicer unzebidden, huet si am Joer 2022 eng Rëtsch Initiativen an Experimenter gestart, déi d’visuell Entdeckung vun eisen digitalen an digitaliséierte Sammlungen um Site eluxemburgensia.lu optimiséieren. Fir dës ze erreechen, hu mir eis op d’Technike vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) beruff, déi vun Experten aus eiser Divisioun vun der IT an digitaler Innovatioun entwéckelt goufen.

Fir d’Sich no Illustratiounen, Fotoen, Portraiten oder Karikaturen ze vereinfachen, gouf en Prototyp entwéckelt, fir Biller no Genre ze klassifizéieren an déijéineg mat staarken Ähnlechkeeten ze identifizéieren. Unhand vun engem Saz vu 600.000 Illustratiounen aus digitaliséierten Zeitunge vun 1844 bis 2007 goufe mat Hëllef vu KI-Technologien déi verschidden Eegenschafte vun den Illustratiounen erausgezunn. Dës Eegenschafte goufen dunn benotzt fir scho bestoend Ähnlechkeeten ze ermëttelen. Doriwwer eraus gouf och eng Optioun implementéiert, déi Duplikater vermeit, an esou identesch Ofbildungen eliminéiert.

D’KI gëtt och agesat fir de Contenu vu Biller ze bestëmmen. Dës Entwécklung huet d’Zil, d’Sich no Illustratiounen aus eisen digitaliséierte Sammlungen ze vereinfachen andeems d’Biller Stéchwierder zougeuerdent kréien.

Beispill vun zwielef Biller, déi mindestens ee Prabbeli als Objet enthalen.

Dank automatesche Léiermodeller goufe fir all Illustratioun den Typ (Foto, Zeechnung asw.) an den allgemenge Contenu (Portrait, Grupp, Architektur, Kaart, Karikatur, Musek asw.) bestëmmt. D’KI kann och Objeten a Persounen, déi d’Ofbildung beschreiwen, identifizéieren.

Mat Hëllef vun de Google Vision-Modeller goufe 432 Objeten an 3.140 verschidden Theme fir 349.915 Biller identifizéiert.

Wärend d’Entwécklung an d’Verfeinerung vun dëse Funktionalitéiten, déi sech op d’KI beruffen, nach net ofgeschloss sinn, ass eng éischt ëffentlech Ëmsetzung op eluxemburgensia.lu fir Enn vun dësem Joer virgesinn.

▪ Dëst ass en editéierten Extrait aus eisem Joresbericht 2022, deen Dir op eiser Säit vun de Publikatiounen erofluede kënnt. Méi gewuer ginn

Aktualiséiert