Net-lëtzebuergesche Fong deelweis net accessibel Bis den 31. August 2023

Entwarnung: D’Inventariséierungsaarbechte goufe méi fréi ofgeschloss wéi erwaart an all d’Dokumenter sinn nees accessibel.

D’Nationalbibliothéik informéiert hir Notzer doriwwer, datt den Ament Inventariséierungsaarbechten am net-lëtzebuergesche Fong duerchgefouert ginn. D’Aarbechte fannen an deem Magaséng statt, an deem auslännesch Publikatiounen am Täschebuchformat („Cote D“) stockéiert ginn.

Dowéinst sinn dës Publikatioune bis den 31. August 2023 weder fir de Prêt nach fir d’Consultatioun disponibel. An dréngende Fäll kann eis eng begrënnten Demande geschéckt ginn.

Mir entschëllegen eis fir dës Situatioun.

Aktualiséiert