Gratis Testzougrëff op Mango Languages Bis den 30. Juni 2023

D’Nationalbibliothéik freet sech, hire Lieser bis zum 30. Juni 2023 een temporairen Testzougrëff op d’Plattform Mango Languages ubidden ze kënnen. D’Plattform offréiert en personaliséiert, upassungsfäegt Sproocherliefnes, dat Iech d’Outilen a Guiden zur Verfügung stellt, mat deenen Dir Är Sproochkenntnisser erweidere kënnt, egal wou an op wéi eng Manéier Dir am Beschte léiert.

Besonnesch ervirhiewe kann een zum Beispill realistesch Konversatiounen, bei deenen Dir Iech net an Iwwersetzunge verléiert, en Sproochvergläich, deen Är Aussprooch mat där vu Mammesproochler ofgläicht, an e perséinlecht Bewäertungssystem, dat sech Ärem individuelle Léierwee upasst.

Dir kënnt Mango entweder als Gaascht benotzen (mee Äre Progrès gëtt dann net gespäichert) oder en Profil erstellen, esou bal Dir Iech déi éischte Kéier connectéiert hutt. Eng begleedend Mango Languages-App ass fir iOS- an Android-Apparater disponibel.

Zougrëff via a-z.lu

▪ D’Informatiounen an dësem Artikel sinn zum Zäitpunkt vu senger Publikatioun korrekt. Beuecht wannechgelift, datt sech eis digital Offer stänneg weiderentwéckelt. Dowéinst kënne verschidden Informatiounen, wéi z. B. d’Modalitéite fir den Zougrëff oder den Inhalt vun Datebanken, säitdeem geännert hunn oder net méi aktuell sinn.

Aktualiséiert den