De neie Bicherbus-Kalenner ass elo disponibel Mäerz bis Juli 2023

D’Nationalbibliothéik huet den neie Bicherbus-Kalenner fir d’Méint vu Mäerz bis Juli 2023 publizéiert. De Kalenner gëtt all Semester aktualiséiert a passt sech de Besoine vun de Lieser aus de jeeweilege Gemengen un.

D’Lieser kënnen en elo online ukucken oder en gedréckten Exemplar entweder beim nächste Passage vum Bicherbus oder am Accueil vun der Nationalbibliothéik mathuelen.

De Bicherbus, eng Bibliothéik op Rieder, fiert a 14 Wochentier queesch duerch d’Land. Fir d’Bicher an d’Liesen ze promovéieren, zerwéiert hien iwwer 80 lëtzebuergesch Uertschaften. D’Dokumenter vum Bicherbus kënnen iwwer a-z.lu virbestallt an dann um gewielten Arrêt ofgeholl ginn.

Aktualiséiert