Gratis Testzougrëff op d’Taylor & Francis E-Book-Sammlung 21.04.2023 Nei Online-Offer D’Nationalbibliothéik freet sech, hire Lieser bis zum 30. Juni 2023 een temporairen Testzougrëff op déi kompletten Taylor & Francis E-Book-Sammlung ubidden ze kënnen.
D’Nationalbibliothéik huet d’EBLIDA Joreskonferenz a Conseil empfaangen 20.04.2023 Noriichten D’Konferenz huet eng wäertvoll Geleeënheet fir Bibliothecairen an Informatiounsfachleit gebueden, fir sech an der Nationalbibliothéik zesummenzefannen, vuneneen ze léieren an d’kollektiv Stëmm vun der Bibliothéiksgemeinschaft an Europa ze stäerken.
De Bicherbus wäert un der YEP-Schoulfoire deel huelen 17.04.2023 Noriichten De Bicherbus vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg wäert dëst Joer un der YEP-Schoulfoire deelhuelen, déi vum 24. bis de 26. Abrëll stattfënnt. Wann Dir also Wëlles hutt d’Foire ze besichen, da kommt op alle Fall laanscht Moie soen!
D’BnL krut d'Gedenkrumm vum Sondertimber ‘225 Joer Nationalbibliothéik’ 12.04.2023 Noriichten De Sondertimber vun 2023 weist eng dekoréiert Initial “Q” aus dem Manuskript vum spéiden 12. Joerhonnert, dat zur Bibliothéik vun der eemoleger Zisterienserabtei vun Orval gehéiert huet.
D’Lëtzebuerger Webarchiv brauch Är Hëllef! 03.04.2023 Pressecommuniqué D’Nationalbibliothéik sammelt all Websäiten, Blogs a satiresch Säiten, déi mat de Walen, de politesche Parteien an hire lokale Sektiounen, de Walprogrammen oder politeschen Debaten ze dinn hunn.
D'ikonographesch Sammlung erweidert sech ëm 315 original Drockgrafiken 27.03.2023 Pressecommuniqué Den 21. Mäerz 2023 huet d‘Associatioun Empreinte atelier de gravure der Nationalbibliothéik e grousst Ensembel vun 315 Drockgrafike vun 79 renomméierte Kënschtler iwwerreecht an domadder wesentlech d‘ikonographesch Sammlung vun der Institutioun erweidert.
D’Nationalbibliothéik ënnerschreift wichtegen Accord mat Cambridge University Press 23.03.2023 Pressecommuniqué Den Accord erméiglecht den Zougrëff op Inhalter vu Fachzäitschrëften an deckt och Publikatiounskäschten, wat e bedeitende Schrëtt an der Welt vum Open Access Publishing duerstellt.
Déi éischt Musekskonferenz an der BnL war e grousse Succès 21.03.2023 Pressecommuniqué De Cedom huet den 20. Mäerz 2023 déi éischt Editioun vun der „Journée d'études du Cedom“ an der Nationalbibliothéik organiséiert. Dës Museksfachtagung mat internationalen Experten aus dem däitschsproochege Raum wäert an Zukunft all zwee Joer stattfannen.