Ergänzt Är Privatbibliothéik mat onse Surplus-Bicher 01.12.2023 Pressecommuniqué Den 9. Dezember 2023 offréiert d’Nationalbibliothéik hire Visiteure Bicher, déi d’BnL ze vill huet, géint e klenge Geste, fir d’Dokumenter aus onse Spezialsammlungen ze restauréieren.
Éischt Inventairë vum Cedom senge Museksarchiven op a-z.lu zougänglech 27.11.2023 Pressecommuniqué Déi éischt dräi Inventaire vun de Museksarchiven sinn elo online zougänglech. Dës Inventaire bezéien sech speziell op d’Fonge Pierre Nimax sen., Jean-Pierre Kemmer a Lou Koster.
Automatesche Retour kuerzzäiteg net disponibel 22.11.2023 Hiweis un d'Lieser Wéinst Maintenanceaarbechte sinn déi automatesch Retourmaschinnen baussent dem Gebai vun der Bibliothéik an am Foyer vum Méindeg, de 27. November um 6 Auer, bis en Dënschden, den 28. November um 10 Auer, ausser Betrib.
Donatioun vum Grafikportfolio “Pandora” un d’BnL 20.11.2023 Pressecommuniqué Am Kader vun der Ouverture vun der Ausstellung mam selwechten Numm an der Abtei Neimënster hunn de Lëtzebuerger Kollektiv Empreinte atelier de gravure a.s.b.l. an den Atelier Bo Halbirk de Grafikportfolio Pandora un d’BnL iwwerreecht.
De Lëtzebuerger Journal deet sech mat der Nationalbibliothéik zesummen 13.11.2023 Pressecommuniqué D’Benotzer vun der Nationalbibliothéik kënnen ab elo gratis op de ganze Site journal.lu zougräifen. Dës nei Ressource ergänzt déi digital Offer déi zënter Oktober 2020 zur Verfügung steet.
D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg huet den e-D-A-CH-L-Colloque 2023 empfaangen 24.10.2023 Noriichten De Colloque huet d’Nationalbibliothéike vun Däitschland, Éisträich, der Schwäiz a Lëtzebuerg zesummebruecht, an esou eng gemeinsam Plattform fir de Wëssensauschtausch am däitschsproochege Raum gebueden.
Besicht d’Ausstellung a virtueller Realitéit! 17.10.2023 Noriichten Mir hunn en 3D-Scan vum Raum erstallt, deen et Iech erlaabt d’Dokumenter an d’Exponaten ze entdecken, ouni datt Dir dofir laanscht komme musst.
Eluxemburgensia.lu kritt en neie Chatbot 04.10.2023 Pressecommuniqué Den Chatbot, dee Franséisch, Däitsch an Englesch versteet, ënnerstëtzt d’Notzer bei der Entdeckung vun der Lëtzebuerger Geschicht a proposéiert Äntwerten, déi op historesche Presseartikele baséieren.