Besicht d’Ausstellung a virtueller Realitéit! 17.10.2023 Noriichten Mir hunn en 3D-Scan vum Raum erstallt, deen et Iech erlaabt d’Dokumenter an d’Exponaten ze entdecken, ouni datt Dir dofir laanscht komme musst.
Eluxemburgensia.lu kritt en neie Chatbot 04.10.2023 Pressecommuniqué Den Chatbot, dee Franséisch, Däitsch an Englesch versteet, ënnerstëtzt d’Notzer bei der Entdeckung vun der Lëtzebuerger Geschicht a proposéiert Äntwerten, déi op historesche Presseartikele baséieren.
Neit Konschtwierk permanent am Liessall ausgestallt 03.10.2023 Noriichten D’Visiteure vun der Nationalbibliothéik kënnen ab elo en neit Konschtwierk am Liessall entdecken, datt virun zwee Joer kaf an an d’ikonographesch Sammlung integréiert ginn ass: “Apple dreams” vum Diane Jodes.
Sëlleg Visiteuren op den Discovery Days an der Nationalbibliothéik 02.10.2023 Noriichten D’BnL seet hire ville Visiteure Merci, datt si der BnL-Ekipp gehollef hunn, hiert Gebai an eng liewegan animéiert Plaz ze verwandelen, déi fir jiddwereen op ass, an déi d’Kulturfërdert an hëlleft, Wëssen ze verbreeden.
Neien Timber fir den 100. Gebuertsdag vum Jean-Pierre Kemmer 20.09.2023 Noriichten D’BnL fillt sech geéiert, datt si bei der Realisatioun an der Diffusioun vum Timber zu Éieren vum Jean-Pierre Kemmer matwierken duerft, deem säin Archiv am Cedom (Centre d’études et de documentations musicales) conservéiert gëtt.
Verschidde Servicer si wärend de Portes ouvertes limitéiert 18.09.2023 Hiweis un d'Lieser Vu samschdes, den 30. September bis sonndes, den 1. Oktober 2023 wäerte verschidde Servicer, wéi d’Bestellungen vun Dokumenter oder den Zougang zum Museksraum, nëmme limitéiert ugebuede ginn.
Gratis Testzougrëff op zwou nei Datebanken 11.09.2023 Nei Online-Offer D’Nationalbibliothéik freet sech, hire Lieser een temporairen Testzougrëff op zwou nei Datebanken ubidden ze kënnen: ProQuest Historical Newspapers™ an déi komplett Sammlung vu Science.
Konschtinstallatioun an der Gréngfläch vun der BnL gouf ageweit 05.09.2023 Noriichten D’Wierk vum Martine Feipel a Jean Bechameil dréit den Titel „Futurs possibles, passés probables“ (Méiglech Zukunften, warscheinlech Vergaangenheeten) a reegt zum Nodenken iwwer Geschicht, Erënnerung an Zukunft un.