Réckbléck op 2023 an Ausbléck op 2024 28.12.2023 Noriichten D’Nationalbibliothéik kuckt op e bemierkenswäert Joer 2023 zeréck – e wichtegt Joer mat villen Héichpunkten, an deem mir eisen 225. Gebuertsdag gefeiert hunn.
Entdeckt luxroots.org 12.12.2023 Nei Online-Offer D’Lieser vun der Nationalbibliothéik hunn elo Zougrëff op eng weider Datebank: Luxroots.org besëtzt eng ëmfangräich Sammlung vu genealogeschen Dokumenter, déi d’Groussherzogtum Lëtzebuerg a seng Nopeschregiounen ofdecken.
D’Ausstellung “Vu Gäert a Bicher” gëtt verlängert 08.12.2023 Hiweis un d'Lieser Wéinst hirem grousse Succès gëtt d’Ausstellung bis de 17. Februar 2024 verlängert.
Grousse Succès fir d’Journées d’études iwwer mëttelalterlech Wopebicher 07.12.2023 Noriichten Een Highlighte vum Programm war de Virtrag vum Jean-Christophe Blanchard vun der Université de Lorraine a Member vun der Académie internationale de l’héraldique, deen mëttelalterlech Wopebicher aus der Dr. Jean-Claude Loutsch Sammlung presentéiert huet.
De Lëtzebuerger Webarchiv kritt en neit Gesiicht 04.12.2023 Noriichten Den neie Portal bitt net nëmmen en aktualiséierten Interface, mee luet och méi séier a weist flott nei Funktiounen, wéi verbessert Sich- a Filteroptiounen a vollen Zougrëff op archivéiert Säite mat Paywall.
Ergänzt Är Privatbibliothéik mat onse Surplus-Bicher 01.12.2023 Pressecommuniqué Den 9. Dezember 2023 offréiert d’Nationalbibliothéik hire Visiteure Bicher, déi d’BnL ze vill huet, géint e klenge Geste, fir d’Dokumenter aus onse Spezialsammlungen ze restauréieren.
Éischt Inventairë vum Cedom senge Museksarchiven op a-z.lu zougänglech 27.11.2023 Pressecommuniqué Déi éischt dräi Inventaire vun de Museksarchiven sinn elo online zougänglech. Dës Inventaire bezéien sech speziell op d’Fonge Pierre Nimax sen., Jean-Pierre Kemmer a Lou Koster.
Automatesche Retour kuerzzäiteg net disponibel 22.11.2023 Hiweis un d'Lieser Wéinst Maintenanceaarbechte sinn déi automatesch Retourmaschinnen baussent dem Gebai vun der Bibliothéik an am Foyer vum Méindeg, de 27. November um 6 Auer, bis en Dënschden, den 28. November um 10 Auer, ausser Betrib.