De Fausti: D’Liewen hannert dem Numm

Musekssammlung vum Cedom

Georges Urwald

Kaum een anere Lëtzebuerger Entertainer war esou beléift wéi de Fausti (1940–2021): Seng Lidder sinn och haut nach feste Bestanddeel op ville Fester. Ma wie war de Mann hannert dem bekannten Numm?

1940er an 1950er Joren

Gutt zwee Méint nom Amarsch vun der Wehrmacht, de 24. Juli 1940, kënnt an der Stad an der Famill Cima e Bouf op d’Welt, deen d’Eltere Faustino nennen. De klenge Faustino ass eent vu siwe Kanner. Säi Papp ass Italieener a gouf ugangs 1900 zu Diddeleng gebuer. Seng Mamm war Lëtzebuergerin a koum vu Vianen. Si huet sech Servé geschriwwen, hire Papp war Fransous. Dem Faustino säi Grousspapp war um Enn vum 19. Joerhonnert op Lëtzebuerg komm fir op der Schmelz Geld ze verdéngen. Wéi hien e bësselche Sue gespuert hat, huet hie seng Famill op Lëtzebuerg komme gelooss.

Als Kand wunnt de klenge Faustino vis-à-vis vum Palais Grand-Ducal op N°24, Marché aux Herbes, dat Haus mam Balkon. D’Begeeschterung fir d’Musek huet hien duerch d’Militärmusek kritt, déi reegelméisseg fir d’Wuechtofléisung virum Palais déi flott Märsch gespillt huet. Dat ass fir de klenge Faustino déi eenzeg Méiglechkeet, Musek ze héieren an ze erliewen. E Radio huet d’Famill Cima net. Si si ganz arem Leit. No der Wuechtofléisung ass hien der Militärmusek dann nogelaf bis zeréck an d’Kasären.

An den italieenesche Famillen ass virun allem den Akkordeon, an zwar de Knäpperchersakkordeon, den »accordeon à boutons«, »le piano à bretelles« oder och nach »le piano du pauvre« ganz beléift. Dem Faustino säi  Papp wëll, datt säi Bouf Akkordeon léiert. Hien huet him dann och ee kaf an duerfir huet hien op der Schmelz vill Iwwerstonne misste maachen, fir deen ze bezuelen.

Seng Ausbildung mécht de jonke Faustino an den 1950er Joren am Conservatoire, deen deemools nach direkt bei hinnen ëm den Eck an der Rue du St. Esprit 14–16, engem fréiere Refuge vun der Abtei Orval, ass. Haut ass de Lëtzebuerg City Museum an deem Gebai. 7 Joer Solfège, 4 Joer Gei, 4 Joer Klarinett, bei den Häre Jean Eiffes resp. René Hemmer an Akkordeon beim Camille Back vun Haassel, dee bei si heem komm ass fir ze ënnerriichten. Fir d’Geld fir d’Nouten ze spueren, huet hien dem Faustino d’Nouten opgeschriwwen. No 6 Méint schonn huet hien e ganze Programm drop. Mat 11 Joer spillt hie scho Baler a Kiermessen, queesch duerch d’Land, d’ganz Nuecht duerch a verdéngt bis 900 Frang pro Optrëtt. Dovunner huet seng Mamm him da 50 Frang als Drénkgeld ginn, déi hien da beim Zockerbäcker a Kichelcher investéiert huet an all beienee giess huet.

Als jonke Virtuos gëtt hie vun de méi eelere Bouwe bewonnert. Si sinn dann ëmmer am Café bei hie komm an hu gefrot: »Wat drénks du da mäi Jong?« Dann huet de Faustino ëmmer geäntwert: »Ma ech drénken e Stéck Schockela«. Dann hat hien all owes viru sech e Stapel Schockela leien, esou datt de Patron nom Bal kee Schockela méi hat. A méindes mueres an der Schoul um Aldringer huet säi Schoulmeeschter, den Här Feitler hien dann ugekuckt an zu him gesot: »Faustino, géi nach e bësselchen heem, géi nach e bësselche schlofen«. Well dee wousst jo, wat lass war.

De Faustino schafft sech gutt erop. Mat 15 Joer huet hie missen asprange fir de Sänger René Bomp, den Neveu vum Bompe Charly, deem d’Charlys Bar gehéiert. De René ass bei engem Autosaccident mat 21 Joer ëm d’Liewe komm. Esou kënnt de Faustino zum Sangen.

1960er an 1970er Joren

An den 1960er tourt de Fausti mat bekannte Lëtzebuerger Orchesteren duerch Europa: mam Johnny Nimax Orchester, mam Orchester Jempi Faust oder mam Orchester Jean Roderes an ass Matgrënner vun de bekannte Luxembourg Singers.

Wann hien zu Lëtzebuerg ass, spillt hien owes an de Cabareten, am Charly’s, an der Réserve, am Plaza, am Chez Nous oder am Splendid. Oft spillt hie méintelaang um Stéck, ouni een Dag Paus ze hunn. En ellent Liewen, awer de Fausti ass frou mat der Musek an huet vill geléiert an de Cabareten, wann et heescht, d’Artisten ze begleeden, musikalesch nuancéiert ze illustréieren an ze ënnermolen, op der Batterie, um Akkordeon oder op der Gittar.

Am Joer 1966 gëtt hie vum Jean Roderes gefrot fir um Grand Prix d’Eurovision de la Chanson am Symphonieorchester beim Udo Jürgens sengem Lidd Merci Chérie d’Batterie ze spillen. Den Udo Jürgens hëlt dann och fir Éisträich den 1. Präis mat heem.

Iwwert de Sponsor an de Produzent vun de Luxembourg Singers, deen op de Fausti opmierksam ginn ass, kritt hien e Vertrag ugebueden, fir eng international Karriär ze starten. Nodeems hie vu senge Kolleegen huet missten iwwerzeegt ginn, hëlt hien d’Offer un: »Ma bass du da geckeg Fausti, dann huel dat dach un, du kanns eng Plack maachen an et kascht dech näischt, o déi Chance kriss du vläicht ni méi!« Hie produzéiert Pretty Belinda im Schlauchboot, eng Parodie op dem Chris Andrews säi Lidd Pretty Belinda aus dem Joer 1969. A Bumm, en Hit. Hie verkeeft 55 000 Placken an Däitschland. Och Radio Lëtzebuerg spillt seng Lidder, wärend hie weiderhin d’Nuechten duerch an de Cabarete spillt a gläichzäiteg an der Hitparad ass.

An den 1970er Joren huet de Fausti sech e Solo-Programm opgebaut fir an den Diskothéiken ze spillen: hei stoung d’Batterie am Mëttelpunkt. Hien hat seng Bengele mat »Tagesleuchtfarbe« preparéiert a mat sougenannter »schwaarzer Luucht« d.h. mat ultra-violetter Beliichtung gespillt. Bei de Batteriessoloen huet een da just seng Zänn gesinn, de Kolli vum Hiem, seng Hänn an d’Baguetten. An dann hat hie sech och nach eng Liichtuergel mat roude Spotte baue gelooss, déi an d’déck Tromm an an d’Tommen integréiert waren. Déi sinn da beim Spillen ëmmer hin an hier gaangen. Mat där Show ass hien duerch vill däitsch Diskothéike gezunn. Domadder huet hie säi Liewe verdéngt. Hien tourt mam Auto duerch Däitschland a fir d‘Sue vum Hotel ze spueren, schléift hie meeschtens am Auto. Zu där Zäit gehéieren och reegelméisseg Optrëtter a bekannte Fernseesendungen ewéi Drehscheibe, Zum Blauen Bock, Grand Prix RTL International 1971 oder op internationale Festivalen. An de Joren duerno steet hien an Däitschland an an Éisträich ëmmer erëm mat Stars ewéi Ireen Sheer, Cindy und Bert, Chris Roberts, Tony Marshall, Roberto Blanco, Frank Farian, Michael Schanze, Peter Maffay, Adamo, Camillo Felgen, Gitte oder Howard Carpendale op der Bün.

1980er, 1990er an 2000er Joren

An den 1980er Jore kënnt et zu der Zesummenaarbecht mam Museker a Produzent Jang Linster. En neit Kapitel am Fausti sengem Liewen, duerch dat hien, besonnesch zu Lëtzebuerg, nach méi bekannt gëtt. De Jang Linster huet am Joer 1985 säin eegenen Opnamestudio zu Fréiseng opgemaach, wou bis haut och déi meeschte Produktioune mam Fausti entstane sinn. Hien iwwerzeegt de Fausti, op Lëtzebuergesch ze sangen. Si produzéieren zesumme Placken ewéi Fuesparty mam Fausti, Juxparty mam Fausti oder ‘t ass Kiirmes am Duerf, alles Placken, déi séier erfollegräich zu Lëtzebuerg ginn an op alle Fester a Partyen erop an erof gespillt ginn. Dat ass Musek, op déi konnt een danzen, et kann ee sech drop ameséieren, matsangen oder einfach nëmme lauschteren. Si huet ëmmer d’Stëmmung an allméigleche Gesellschafte gehuewen. Desweidere produzéiert hie mam Jang Linster CDen a Kannerkassetten op Lëtzebuergesch ewéi Kannermusek, Maus Ketti & Kompanie oder De Kréckel Néckel.

An den 1990er Jore produzéiert de Fausti an de Linster Studios seng warscheinlech bekanntste Lidder, déi séier reegelrecht Hits zu Lëtzebuerg ginn an nach haut oft op Fester ze héiere sinn: dorënner Zwou Bulle Mocca, On se Biitsch, Moss am Bic, Copacabana oder Chachacha am Pyjama. Dem Jang Linster seng zum Deel duebeldeiteg Liddtexter a seng Wuertspillereie passen op all Party, loosse sech séier matsangen an droen nieft der schmasseger, wierksam arrangéierter Musek an de matrappenden Interpretatiounen duerch de Fausti zum Erfolleg bäi.

Dobäi sinn dës Lidder aus den 90er Joren zum groussen Deel ausschliisslech iwwert Computer a Museksprogrammer produzéiert ginn, woumadder sech de Fausti net esou direkt ufrënne kann.

Den 20. Februar 2021 stierft de beléiften Entertainer, dee sech an de leschte Joren ëmmer méi a sengem Haus op Ibiza opgehalen huet, wärend der Covid-Pandemie u sengem zweeten Häerzinfarkt. Hie gëtt de 25. Februar zu Biissen am Geich-Bëschkierfecht ënnert dem Bam N°5 bei senger Fra a senge Frënn bäigesat.

An der Lëtzebuerger Press ginn et an den Deeg duerno vill Reaktiounen op dem Fausti säin Doud:

  • »Fausti ist tot. Entertainer und Gute-Laune-König«
    (Luxemburger Wort, 20.02.2021)
  • »Fausti. Ein Augenblick Glück«
    (Lëtzebuerger Land, 26.02.2021)
  • »Faustino Cima alias ›Fausti‹. Luxemburgs wohl grösster Entertainer ist gestorben. Fausti stirbt mit 80 Jahren.«
    (Tageblatt, 21.02.2021)

Vill Politiker reagéieren op dem Fausti säin Doud a Form vu Facebook-Messagen, wéi zum Beispill den deemolege Premierminister Xavier Bettel: »Mir si mat him grouss ginn a mir konnten ëmmer op hien ziele fir eis e Laachen op d’Gesicht ze zauberen. Haut musse mir dem Fausti Äddi soen. En immense Museker a super léiwe Mënsch huet eis verlooss, d’Erënnerung bleift. Mäi Bäileed un d’Famill an all deenen, déi him no stoungen«.

Aktualiséiert den