Erënnerung un e villsäitegt musikalescht Talent
Kaum e Komponist zu Lëtzebuerg ass esou villsäiteg a produktiv gewiescht ewéi de Jean-Pierre, genannt Jempi, Kemmer. Mat iwwert 700 eegestännege Wierker ass et ee vun deene gréissere Fongen, déi am Cedom vun der Nationalbibliothéik versuergt ginn.