Koreaner aus dem Lëtzebuerger Land Lëtzebuerger Fräiwëlleger am Koreakrich (1950-1953)

Typ:
Konferenz
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Den 11.05.2023 um 19:00
Mat:
Benoît Niederkorn
Sprooch(en):
Lëtzebuergesch

Mam nordkoreaneschen Iwwerfall op Südkorea de 25. Juni 1950 koum et zum éischte grousse Konflikt am Kale Krich. De Koreakrich (1950-1953) huet och de Grand-Duché gezwongen, sech op der internationaler Bün ze positionéieren. Zesumme mat der Belsch huet Lëtzebuerg sech am Kader vun enger UNO  Missioun verflicht zwee Contingenten op Been ze stelle fir d’Wäerter vun der „fräier Welt“ ze verdeedegen.

Mä wien waren dës insgesamt 85 Fräiwëlleger, déi vun der Lëtzebuerger Arméi bis op déi aner Säit vun der Welt geschéckt goufen? Wat war hir Motivatioun sech kuerz nom Zweete Weltkrich fir en onbekannte Land a seng Kultur anzesetzen? A schlussendlech: Wat verbléift haut vun den „Koreaner“ an der kollektiver Erënnerung? De Militärmusée vun Dikrech huet duerch eng systematesch Recherche déi 85 Biografien opgeschafft an an hirem neie Katalog publizéiert.

De Benoît Niederkorn (*1987) huet (Militär-) Geschicht zu Freiburg a Regensburg studéiert. No senger Masteraarbecht iwwert d’Logistikproblemer vun den éisträicheschen Truppen am Etappegebiet Lëtzebuerg am 18. Joerhonnert schafft hie säit 2017 als Direkter vum Militärmusée zu Dikrech. Aktuellt Fuerschungsfeld ass d’Nokrichszäit (1945-1960) zu Lëtzebuerg.

An Zesummenaarbecht mam Musée National d’Histoire Militaire (MNHM).