Roger Manderscheid 01.03.1933 - 01.06.2010

Roger Manderscheid
© Paolo Leoni. Collection CNL

„Kandheetserënnerungen sin an der Melodie vun eiser Sprooch agewéckelt. Et entsteet eng universell Harmonie, wou Freet an Trauer sech opléisen an Toleranz an daperer Serenitéit: eng natiirlech Fusioun vu privater Biographie an nationalem Schicksal. An an deem Moment spiire mir instinktiv, wat national Identitéit bedeit, vill méi kloer an déif wéi a munch iwerschwénglechem Gedicht oder munch patriotescher Ried.

Jo, mir bewonneren an den Texter vum Roger Manderscheid eng direkt organesch Bezéiung zur Natur, zum Waasser an zum Bësch, e Liewensrythmus am Aklang mat dem Floss vun der Zäit, engem Floss ouni Ufer, engem Mier vun Erënnerungen, engem Verlaangeren ouni Grenzen, no wäite kosmeschen Räim, ower dat alles einfach an ouni Prätentioun, mat engem grouss Respekt virun der Onendlechkeet vum Mier a vum Horizont.“ ...

„Eng magistral orchestréiert Alternance vu Spill an Eescht erweidert stänneg deen intellektuellen a musikaleschen Plëséier vun enger konzentréierter Lektür. “...

„Zwëschen dëse Buchdeckelen hei verstoppt sech esou eng konzentréiert a raffinéiert Dosis vu lëtzebuerger Wourécht, wéi mir se vläicht fir d’lescht am Michel Rodange sengem Renert servéiert kruten.“

(Extraits de : Jul Christophory : « De Roger Manderscheid an de lëtzebuerger Bildungsroman », in « Remise du prix Servais 1992 à M. Roger Manderscheid : 27 mai 1992, Théâtre des Capucins, Luxembourg ». Luxembourg : Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise, 1992)

Dernière modification le