D’Gebuertsstonn vun eiser Nationalhymn „Ons Heemecht” an dem Jean-Antoine Zinnen säi musikalescht Wierk

Musekssammlung vum Cedom

Françoise Molitor

D’Joer 1864 sollt an eis Geschicht agoen als Gebuertsstonn vun eiser Nationalhymn. De 5. Juni 1864 war zu Ettelbréck dat éischt landeswäit Museksfest vum Allgemeiner Luxemburger Musikverein (ALM), der heiteger Union Grand-Duc Adolphe wou net manner ewéi 28 Museksgesellschaften aus dem ganze Land drun deelgeholl hunn. Am Nomëtteg  war e groussaartege Galaconcert wou d'Museksveräiner vu Lëtzebuerg, der Fiels, Veianen a Wolz ënnert der Direktioun vum Jean-Antoine Zinnen opgetruede sinn. Op Platz Nummer 11 vum Festprogramm stoung Ons Heemecht, e Wierk fir véierstëmmege Männerchouer, komponéiert vum Jean-Antoine Zinnen op e Gedicht vum Michel Lentz aus dem d’Joer 1850.  D’Heemecht ass op dësem memorabelen Dag vu 550 Sänger a-capella, ënnert der Leedung vum Meeschter selwer opgefouert ginn. D’Leit ware begeeschtert an hunn d’Wierk mat groussem Applaus geféiert.

Dëst Lidd, wat den Zinnen de 25. Mäerz 1864 fäerdeg komponéiert hat, ass déi éischt véierstëmmeg Chouerkompositioun a lëtzebuergescher Sprooch an dréit d’Widmung „Dem Lëtzeburger Sängerbond zouerkannt”. Spéider eréischt huet de J.A. Zinnen seng Hymn fir Harmonie- a Fanfareorchester arrangéiert, déi dunn de 25. Juni 1865 um Museksfest vun der ALM zu Veianen fir d’éischt opgefouert ginn ass. Op dës uspriechend Melodie, déi un dem Mozart säin Ave Verum erënnert, huet hien och säin Heemechtsmarsch opgebaut.

War fréier dach de feieregen Feierwon vum Michel Lentz,  mat der Revendicatioun „Mir wëlle bléiwen wat mer sin”, enger Ausso déi an de Joren 1867 an 1870 bluttnoutwenneg war, eis inoffiziell Nationalhymn, esou huet de Saz aus der véierter Strof „Loosst viru blénken d’Fräiheetsson”, aus der Uelzecht, wéi dat Lidd eng Zäit genannt ginn ass, de Lëtzebuerger et ugedoen. D’Lidd Ons Heemecht, wat säit de 70er Joren am leschte Joerhonnert déi heemlechNationalhymn vum Lëtzebuerger Vollek war, léist de Feierwôn nom Enn vum 1te Weltkrich definitiv als Nationallidd bei offiziellen Uläss of.

D’Lëtzebuerger hunn deemno selwer d’Heemecht zur Nationalhymn gemaach, wëll déi zoustänneg Instanzen hunn sech vill Zäit geholl fir dëst Wierk offiziell unzëerkennen. Réischt 47 Joer nom Enn vum 2te Weltkrich gouf Ons Heemecht vun der Chamber duerch e Gesetz zur offizieller Nationalhymn erhuewen. De 27. Juli 1993 gëtt d’Nationalhymn vu Lëtzebuerg dann endlech am Gesetz verankert mat dem Text:

Loi du 27 juillet 1993 modifiant et complétant la loi du 23 juin 1927 sur les emblèmes nationaux... Art. 6. La première et la dernière strophes du chant “Ons Heemecht” (1859), texte de Michel Lentz, musique de Jean-Antoine Zinnen, tels qu’ils sont publiés en annexe à la présente loi, constituent l’hymne national du Grand-Duché.

De Jean-Antoine Zinnen huet säi ganzt Liewen a Wierken der Musek gewidmet, als Museker wéi och als Komponist. Säi musikalescht Schaffe gëtt, laut de verschiddene Biographien, déi bis ewell iwwert hien erauskomm sinn, op 130 Wierker geschat. Hien huet Orchesterwierker, Ouverturen, Polkaën, Walzer, Dänz a Märsch, mä och Operetten, Kantaten, Chouermusek an eng Rei Lidder komponéiert.

Seng Wierker sinn editéiert zu Lëtzebuerg, zu Arel, zu Léck, zu Leipzig, zu Paräis an a sengem Eegeverlag Le Diapason editéiert ginn. Déi Paräisser Manuskripter hunn all e Stempel mam Komponist senger Adress zu Paräis: 1, rue de la Coutellerie.

Dat eelst handschrëftlecht Manuskript vum Jean-Antoine Zinnen ass am Besëtz vum Cedom (Centre d’études et de documentation musicales) vun der Nationalbibliothéik. Et ass en autographescht Sammelwierk aus dem Joer 1851 mat folgende Wierker : Langsamer Marsch, Zinnen ; Galopp, arr. Zinnen ; Paulinen Galopp, arr. Zinnen ; 2te Mazurka, vum Dicks, arr. Zinnen. 

Aktualiséiert