Rock- a Popmusek zu Lëtzebuerg Les Carnets didactiques du Cedom – De Litty – Nummer 6

Verëffentlechungsjoer
2024
Auteur
Georges Urwald
Editeur
Bibliothèque nationale du Luxembourg / Centre d’études et de documentation musicales (Cedom)
Sprooch(en)
Luxemburgisch
Säitenunzuel
56
Zort(en)
Pädagogescht Material
ISBN
978-99959-916-9-2
ISSN
2354-4732
Präis
10 €

Beschreiwung

Zusammefaassung

Déi sechst Nummer vun De Litty behandelt d’Rock- a Popmusek zu Lëtzebuerg, hiren historesche Kontext an hir Entsteeung ausgoend vun de Virbiller vun der amerikanescher Rockmusek. D’Publikatioun begleet d’Héichpunkte vun dësem Genre, präsentéiert déi verschidde Stiler vun der elektronesch verstäerkter Musek an hieft déi Kënschtler ervir, déi d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg gepräägt hunn.

Dëst geschitt op spilleresch an informativ Aart a Weis. Et gëtt sech interdisziplinär mam Thema auserneegesat, fir de Schüle e breeden Iwwerbléck ze verschafen a fir hiert Verständnes an Analyskompetenz ze stäerken.

Iwwert d’Serie

D’Carnets didactiques – De Litty gi vum Cedom an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend publizéiert. Si riichte sech un Enseignanten a Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée, mee stinn awer och all interesséiert Persoun zur Verfügung. D’didaktesch Hefter sollen den Enseignanten déi noutwenneg Informatiounen a Materialie liwweren, fir de Kanner a Jugendlechen dat kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.

D’Sammlung De Litty ass d’Wierk vum Enseignant a Museker Georges Urwald, dee vun der Ënnerstëtzung vum Cedom an deem senge räiche Sammlunge profitéiert. D’Figur vum jonke „Litty“, inspiréiert vum Interpret a Kabarettist Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932), an erschaf vum Lëtzebuerger Kënschtler Andy Genen, fungéiert als spillerescht Leitmotiv a féiert de Lieser duerch déi verschidden Themen.

Aktualiséiert den