Du Fausti do!
27.–29. November 2026 am Iechternacher Trifolion
An dëser neier Produktioun huele mir Iech mat op eng spannend an ofwiesslungsräich Rees duerch d’Liewe vum Lëtzebuerger Entertainer Faustino Cima (1940–2021) besser bekannt als de Fausti, vum Zweete Weltkrich iwwert déi wëll 1960er a 1970er bis zur Covid-Pandemie. Schauspiller, Erzieler, e grousse Chouer, eng Begleetband an eng Leinwandprojektioun presentéieren Iech eng gesonge Geschichtsstonn mat Lidder iwwert politesch an historesch Ereegnisser zu Lëtzebuerg an mat den Hits vum Fausti.
Dëse Musekspektakel ass, no Du Litty Do! iwwert de Pierre-Toussaint Stefani (1872–1932) aus dem Joer 2023, den zweeten Deel aus enger Trilogie, déi Lëtzebuerger Geschicht vun ugangs vum 19. Joerhonnert bis haut aus der Siicht vun engem bedeitenden Entertainer op d’Bün bréngt.
- Typ:
- Spektakel
- Uert:
- Trifolion Echternach
- Datum:
-
Vum 27.11.2026
bis den 29.11.2026 - Sprooch(en):
- Lëtzebuergesch
Distributioun
Mat:
- Joe Del Toe (Fausti)
- Marc Linden (Erzieler)
- Theatergrupp aus dem LCE
- Chouer vum Iechternacher Lycée
- Dänni Kéitsch Bänd
Text a Musek:
Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit an Neikompositiounen
Choerdirektioun a Chouerarrangementer:
Daniel Mujzer & Georges Urwald
Produktioun
Den Iechternacher Lycée, an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik an dem Trifolion Echternach.