Wie kritt de Buchpräis? Entdeckt d’Shortlëscht an der Kategorie Sachbuch!

Typ:
Virstellung
Uert:
CAW (Culture@Walfer) - 5, route de Diekirch, L-7220 Walferdange
Datum:
Den 05.11.2024 um 19:00

Zanter 2006 vergëtt de Verband vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren all Joer de Lëtzebuerger Buchpräis. Och de Public ka beim Publikumspräis fir hire Coup de coeur ofstëmmen. Mee wien ass nominéiert?

Mataarbechter vun der Nationalbibliothéik wäerten d’Wierker aus der Kategorie „Sachbuch” virstellen an zesummen mat den Auteuren iwwert d’Uleiess an d’Duerchféierung vun deene Bicher an d’Resultater vun der Recherche diskutéieren.