AUSGEBUCHT: Mediepluralismus: Eng Garantie fir Demokratie am 21. Joerhonnert? Konferenz

Qualitativ héichwäertege Journalismus ass ee vun de wichtegste Piliere vun enger demokratescher Gesellschaft. Allerdéngs profitéiere manner wéi 20% vun all de Länner vun enger fräier, onkontrolléierter Press. Politesch a wirtschaftlech Beaflossung behënnert d’Entwécklung vun enger informéierter a kritescher Gesellschaft - wéi och d’Ofhuele vun der Diversitéit an der Medielandschaft.

Wéi verhält sech eng breet Offer un Informatioun a kommunikative Medien zur Demokratie? Ass se deem Zweck fërderlech oder riskéiert d’Qualitéit vun den Noriichten duerch déi vill verschidden Informatiounskanäl ze verwässeren?

An dëser Gespréichsronn schwätze Journalisten iwwert zäitgenëssesch Problemer an hirem Beruff: Dëst geet iwwert d’Onmass u vermëttelten, onkontrolléierten Informatiounen, iwwert d’Objektivitéit vun der Berichterstattung, bis hin zu de Geforen, déi och haut nach fir Journaliste bestinn.

 

Ëm den Dësch sëtzen:

  • Jean-Louis Siweck, President vum Lëtzebuerger Presserot
  • Christoph Bumb, Grënner vu Reporter.lu
  • François Aulner, Journalist bei RTL
  • Michèle Sinner, Journalistin beim Radio 100,7
  • Moderatioun: Josée Hansen

Op Lëtzebuergesch.

 

Manifestatioun ass voll ausgebucht.

 

Das Tragen einer Maske ist in der Nationalbibliothek er forderlich. Aufgrund der aktuellen Covid-19-Situation könnte diese Veranstaltung kurzfristig abgesagt werden. In diesem Fall werden die angemeldeten Personen per E-Mail informiert.

Lieu :
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Kirchberg
Dates :
Le 22.04.2021 à 19:00