Livestream: Buchvirstellung Fortific(a)tions Sechs Geschichten iwwert eng Stad ewéi keng Aner

 

***Covid-19: Cette manifestation ne sera pas publique. Elle sera accessible en livestream via nos pages Facebook et Youtube.***

 

D’Stad Lëtzebuerg feiert 25 Joer UNESCO-Site, also de Klassement vun der Festung Lëtzebuerg an hire Faubourgen als Patrimoine Mondial vun der UNESCO. Do schwätzt muncheree gären iwwert al Steng. Ma de Patrimoine ass lieweg, wann d’Leit an de Mëttelpunkt geréckelt ginn, déi an der Festungsstad gelieft hunn.

An der BD FORTIFIC(A)TIONS erziele sechs Zeechner an Zeechnerinnen, de Marc Angel, d’Marion Dengler, den Andy Genen, den Antoine Grimée, d’Sabrina Kaufmann an d’Pascale Velleine, souwéi dräi Zeenaristen, de Lucien Czuga, de John Rech an de Jean-Louis Schlesser, Geschichten op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch – an op verschidde Manéieren: Manga, Comic, franséischbelsch Schoul, graphesche Roman, schwaarzwäiss oder faarweg.

Mir stellen déi nei BD fir, e Projet vun der Associatioun D’Frënn vun der 9. Konscht. Bei der Presentatioun gitt Dir gewuer, wéi eng Maueren a Gebaier d’Kënschtler faszinéiert hunn, u wéi eng Geschichten erënnert gëtt a firwat de Protagonist Jim Steller aus dem Joseph Funck senger Erzielung Kleines Schicksal (1934) weidergeschriwwe gouf. Op der Plaz sinn d’Artisten, déi ons de Projet méi no bréngen. Moderatioun gëtt iwwerholl vum Claude D. Conter (BnL) a Claude Kremer (CNL).

UMELDUNGE SINN OBLIGATORESCH AN BIS DEN 23. NOVEMBER 2020.
FALLS DIR IECH UGEMELLT HUTT AN DANN AWER NET KOMME KËNNT, BIEDE MIR IECH EIS BESCHEED ZE SOEN.

Wéinst der aktueller Situatioun duerch Covid-19, kéint dës Veranstaltung kuerzfristeg verréckelt oder ofgesot ginn.
An dësem Fall ginn ugemellte Persounen per Mail informéiert. De Mask ass während der ganzer Virstellung obligatoresch.

Type :
Conférence
Lieu :
Livestream via Facebook et Youtube
Dates :
Le 26.11.2020 de 19:00 jusqu'à 21:00