Formatioun fir Enseignanten: De Litty – didaktesch Materialien iwwert Lëtzebuerger Kultur

Mat sengen didaktesch ausgeriichten Themenhefter De Litty fir Grondschoul a Lycée wëll de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom – Centre d’études et de documentation musicales) ausgewielten Aspekter vun der Lëtzebuerger Kultur opschaffen an de jonke Generatiounen an den Enseignante nobréngen.

An der Formatioun ginn d’Enseignanten opmierksam gemaach op d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Kultur, léiere praktesch Beispiller kennen a kréien Iddie fir de methodeschen Asaz vun den Schoulmaterialien.

D’Litty-Hefter si fächeriwwergräifend ausgeriicht, passe virun allem a schoulesch Léierberäicher wéi Musek a Lëtzebuergesch, kënnen awer och fir de Geschichtscours interessant sinn.

Terminer

Groupe A

 
Date : lundi 21 octobre 2019 de 17 à 20 heures
Lieu : Institut de formation de l'Éducation nationale - eduPôle Walferdange - bâtiment 6
Nombre maximum de participants : 20
Places disponibles : 4
Statut de la formation : Formation attestée
Délai d'inscription : -

Groupe B

 
Date : lundi 24 février 2020 de 17 à 20 heures
Lieu : Institut de formation de l'Éducation nationale - eduPôle Walferdange - bâtiment 6
Nombre maximum de participants : 25
Places disponibles : 7
Statut de la formation : Inscriptions en cours
Délai d'inscription : -

Groupe C

 
Date : lundi 25 mai 2020 de 17 à 20 heures
Lieu : Institut de formation de l'Éducation nationale - eduPôle Walferdange - bâtiment 6
Nombre maximum de participants : 25
Places disponibles : 15
Statut de la formation : Inscriptions en cours
Délai d'inscription : -

Zielsetzung  

Wëssen
D‘Participantën (er)kennen:
- Themë vu kultureller Villfalt zu Lëtzebuerg
- praktesch Beispiller
- Iddie fir de methodeschen Asaz vun den Schoulmaterialien.

Fäegkeeten
D‘Participantën sinn an der Lag:
- den Transfert vun Themen a Methoden an déi eege Schoulpraxis ze maachen
- Léier- a Programminhalter mat theoreteschen a praktesche Beispiller a Geschichten aus Lëtzebuerg ze kombinéieren.

Haltung
D‘Participantën:
- wäertschätzen d'Lëtzebuerger Kultur
- hunn Interessi u Kultur a Geschicht an hirer Gesellschaft an hirer Zäit
- reflektéiere vun eegener Schoulpraxis a Methodik.

Inhalt  

- Virstelllung vun der didaktescher Serie "Les carnets didactiques du Cedom"
- Iwwerbléck kulturell Themë wéi Lëtzebuerger Geschicht a Politik am Lidd, Cabaret a Satir zu Lëtzebuerg, Musekstheater zu Lëtzebuerg, Jazz zu Lëtzebuerg, etc.
- theoreteschen a prakteschen Ëmgang mat den entspriechenden Aarbechtsmaterialien (Kaartespill, Rätsel- an Nosichaufgaben, Lächertexter, Verständnisfroen, Lauschteraufgaben, Wierfelspiller, Wëssenslidder, Interviewen, Hannergrondinformatiounen an CD-Rom).

Referent, Referentin / Formateur, formatrice

Georges Urwald, Museker, Museksprofesser am Iechternacher Kolléisch, Prof.dét. Cedom/BnL, Kënschtleresche Leeder Stued Theater

Remarques / Anmerkung

D’Litty-Hefter ginn de Participanten gratis zur Verfügung gestallt.
Weider Informatiounen iwwert d’Litty-Hefter fënnt een op www.bnl.lu ënnert "Publications du Cedom"

Type :
Formation continue
Lieu :
IFEN - Institut de formation de l'Éducation nationale - eduPôle Walferdange
Dates :
Du 24.02.2020 um 17:00
jusqu'au 21.10.2020 um 20:00