Harry Potter - Liesung mam Steve Karier Liesung mam Steve Karier

D’Nationalbibliothéik invitéiert op d’Liesung "Harry Potter an den Alchimistesteen" mam Steve Karier an Zesummenaarbecht mat Fundamental asbl.

 

Wie kennt net d’Geschicht vum jonken Zauberer mam ronne Brëll an der wäisser Eil, dee ganz Generatiounen aus der Kellechholzstrooss zu London mat op d’Zaubererschoul vun Hogwarts geholl huet? Rieds ass vum Harry Potter, enger vun de bekanntste Figuren aus der Kanner- a Jugendliteratur.

Den Harry Potter an den Alchimistesteen ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun der Schrëftstellerin J.K. Rowling hirem Welt-Bestseller. An Zesummenaarbecht mat der Iwwersetzerin Florence Berg huet d’Kairos Edition déi zwee éischt Bänn op Lëtzebuergesch publizéiert (den zweeten ënnert dem Titel Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall) an elo och d’Lauschterbuch vum éischte Band erausbruecht, virgelies vum Schauspiller Steve Karier.

Fir dës ganz magesch Welt erkléngen ze loossen an Iech mat op d’Rees vun den Hexen an Zauberer ze huelen, liest de Steve Karier an der BnL aus dem Harry Potter an den Alchimistesteen. Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.

De Steve Karier ass e Lëtzebuerger Schauspiller a Spriecher. Hien ass a villen europäesche Länner grad esou wéi an Amerika, Asien an Afrika op der Bün an a Filmer opgetratt. Hien huet Honnerte vun Héierspiller a Lauschterbicher opgeholl. Zu Lëtzebuerg ass hien ënnert anerem wéinst der Opnam vum Michel Rodange sengem „Reenert“ bekannt.

 

Umeldunge sinn obligatoresch bis de 26. Oktober 2020 op: reservation@bnl.etat.lu

Wéinst der aktueller Situatioun duerch Covid-19, kéint dës Veranstaltung kuerzfristeg verréckelt oder ofgesot ginn. An dësem Fall ginn ugemellte Persoune per Email informéiert. De Mask ass während der ganzen Virstellung obligatoresch.

Lieu :
Nationalbibliothéik - 37D, avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Dates :
Le 31.10.2020 à 15:00