Mäi Summer op rtl.lu: 3 Wënsch vum Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik

Déi 3 Wënsch sinn:

- dass d’Nationalbibliothéik nees geschwënn all déi Lieserinnen a Lieser, Chercheuren, Studentinnen a Studenten, Schülerinnen a Schüler kann esou am Liessall begréissen, wéi mir et virum Confinement gewinnt waren. Vill Bicher, Dokumenter an Zäitschrëfte waarden dorop, Gesellschaft geleescht ze kréien.

- dass an onser Gesellschaft de Bewosstsinn fir de Patrimoine, och de geschriwwene Patrimoine, geschäerft gëtt an datt weiderhin d‘Loscht an ons gloust, de Patrimoine ze preservéieren an ze valoriséieren. Vill Kulturinstituter si frou, Fuerscher an Interesséierter anzelueden, sech mam kulturellen Ierwen ze beschäftegen – et ass onëmgänglech, wa mir wëlle reflektéiert iwwert ons selwer nodenken.

- dass mir ons beméien, Meenungen duerch Wëssen ze ersetzen, fir datt mir à même bleiwen, differenzéiert Urteeler ofzeginn an d’Welt a senger Komplexitéit begräifen. Em Wësse sollte mir ons Dag fir Dag beméien a virwëtzeg sinn, fir net stoen ze bleiwen a fir ons weider ze bilden.

Lauschtert online via rtl.lu.

 

Dernière modification le